JUGENDTREFF SABA
  • Startseit
  • Iwwert ASBL
  • Jugendhaiser
    • Jugendtreff Käerjeng >
      • MIr gi liichten
      • Team
      • Kontakt
      • Zombie Zone
      • Domino Archiv
    • Jugendtreff Suessem >
      • Aktiviteiten
      • Dokumenter
      • Medien
      • Team
      • Kontakt
    • Jugendhaus Dippech >
      • Aktiviteiten
      • Dokumenter
      • Medien >
        • Fotoen
        • 2015 >
          • Give-Box
          • Lego mir bauen
          • Bumper Ball
          • Chrëschtmart
        • 2016 >
          • Lego-mir bauen
        • Videoen
      • Team
      • Kontakt
    • Annexe Suessem
  • Kontakt
  • Proufsall
  • ANIMA*STAFF
    • Formulaire demande
    • La formation
    • le projet

SegelTripp Log-buch

Eisen Kapitän den Remco an d’Yteke hunn d Équip gebrieft kuerz drop hunn mir Segelen gesat an mir hunn an d Mier gestach. 3 Stonnen méi spéit hunn mir zu Stavoren ugeluecht.
No engem klengen Tour duecht d Dierfchen an besuergen vum Brout vir den Dënschden Moien hunn d Tonia, d’Lisa an den Patrick e puer Nuddelen waarm gemaach.

Den Owend ass Schach, monopoly an och Uno gespillt ginn... bis spéit an d Nuecht. 

Mol gespaant ween muer alles gutt opkënnt... :P

Méindes den 13.04.2015

Mir, de Mike, Lisa, Sebastian, Sven, Tonia, Xavier, Sam, Carole an Patrick hunn eis de Moien um 7h Richtung Enkhuizen gemaach. Déi eng Camionnettë voll gepack mat Iessen déi aner mat Jonker. Bloen Himmel, Sonn an vill Wand huet eis schonn erwaart.


Um 13h00 ukomm ass eist Segelschëff, den Vriendshap mat eisen Saachen belueden ginn.
Bild

Dënschdes den 14.04.2015


No dem Moiesiessen um 9 Auer mat vill Nutella, Gebeess, Müsli an nach vill anerem Guddes sinn mir um halwer 11 a Richtung vun der Insel Texel lassgefuer. Dësen Wee misst leider verkierzt ginn wéinst der staarker Stréimung an dowéinst ass et op Den Oever gaang.

Während der Fahrt gouf et dann als Mëttegiessen Schnitzel mat Gromperen an Kornischongszalot an no 5 Stonnen sinn mir dann endlech zu 


Bild
Zum Den Oever ukomm. Nodeems d ‘Seegelen agepaakt goufen, sinn mir  dat schéint a rouegt Duerf, begleet vun vill Sonn, erkunden gaang. Mat Akaafstuuten voll mat Zutaten fir Pizza hunn mir eis op eng Terrass gesat. 

Um halwer 6 sinn mir dann erëm zeréck gaangen an lo gëtt den pechegen Deeg gerullt. Mol kucken, villäicht iessen den Remco an d’Yteke mat eis! 


Tonia


Mëttwoch den 15.04.2015

        


          Nodeems haut verschiddenen Matrousen um halwer 7, anerer réischt .um halwer 10 opgestan sinn, hunn mir eis op de Wee gemat vun Den Oever op d’Insel Texel. No 2 an eng hallef Stonnen sinn mir dann mat vill Sonn ukomm an e Vëlosverleih huet eis um Hafen direkt begréisst. 
Sou ass et dann mat staarken Géigenwand op Den Burg gaang, wou mir no enger Stonn Shopping an deenen villen Dekobutteker, eis mëttes op eng Terrass gesat hunn No dem Iessen wat haaptsächlech aus Hamburger bestan huet, ass et an Richtung Den Koog gaang, wou mir no 7 Kilometer Faart am Erlebnisbad Calluna schwammen gaang sinn. Do haten dann Verschiddener vun der Crew déi gutt Iddi, mat hiren Waasserpistoulen op den Schwammmeeschter ze schéissen sou dass se déi eréischt rëmkruten wou mir um halwer 6 erëm zeréck gefuer sinn.
 
Fir zeréck ass et dann gutt gerullt an dunn hunn mer spontan op engem Rondpoint no engem Geocache gesicht, deen mer no kuerzer Zäit uewen un engem Potto gepecht fonnt hunn ... No engem kuerzen Stop am Jumbo, ee Supermarché, ass et mat vill Sisi (sou eppes wéi Fanta, wat hues du gemengt?) no engem gutt gefëllten, mee dowéinst ëmsou méi ofwiesslungsreichen Dag zeréck op eisen schéinen Vriendschap gaang. 

 

 Tonia

Donneschdes, den 16. Abrëll 2015

Haut den moien zu Texel war méi roueg. Well mir souwéisou  eréischt um 12h30 op Medemblik opbriechen wollten, hunn mir dann Basket an Fussball gespillt währen dem d ‘Carole an d ‘Lisa en Tour mam Vëlo gemaach hunn.
No engem kuerzen Besuch beim Supermarché ass dann och gekacht ginn, Saumon mat Reis. D’Yteke an den Remco kruten hier Portiounen op Deck bruecht, well kuerz drop ass et schonn op Medemblik gaang. Et war aussergewéinlech roueg, heinsdo sou gutt wéi Wand Stëllstand . Wëll méi lues weidergaang ass, konnten mer déi entspahnend Wellen genéissen op Déck ass et dann och zu ganz interessant mat spannend Verschwörungs Theorien an Geschichten aus dem Internet.

Mais natierlech ass ee Segel Tripp net nëmmen eng Entspahnungskuer an sou war um 7 Auer rëm Schaffen ugesot, wou mir an Medemlick ukomm sinn. D’Segelen sinn schwéier rof gaang, well kuerz virum Ziel rëm Wand opkomm ass, sou ass d Segel en Deel an d’Waasser geblosen ginn.
Do konnt een awer gutt gesinn, dass mir dem Renco den Kapitän am Ufank méi nogelauschtert haten wéi et ausgesinn hat. D ‘Segelen goufen mat villen Hänn erausgefëscht an un hier jeeweileg Beem gefestegt. Seeler ëmmer bëssen opgewéckelt. D’Lisa an d’Tonia sinn méi oder manner perfekt mat der Schrot hannen beim Yteke eens ginn. Nodeems mir dunn gutt u Land ukomm sinn, haten mir als Abschidiessen mam Remco an dem Yteke, Poulet an Gromperen. Dono sinn mir eis nach op eng Terrass setzen gaangen an no engem bessi méi Rouegen Dag ass et méi fréi an d Bett gaangen. (Och wann dat net vun jidderengem agehal gouf... nämlech de Patrick an d Carole déi bis an d Nuet eran gepotert hunn. Tztztz..) Well muer den Mëtten geet eis Rees leider schonn an zu Enn, dat leider ze fréi.

Tonia

Freiden den 17. Abrëll 2015

Haut ass dann och schonn den leschten Dag vun eisem Tripp. Et spiert een bei villen vill Middegkeet, mee awer sinn mir eis all een dass et roueg hätt kéinten méi laang daueren. Nom Moiesiessen ass et als eicht an d Staat gaang fir Bréidercher ze kafen, déi dono mat Salami oder Kéis beluecht goufen. Nodeems d ‘Segelen dann och an Richung vun eiser aller éischter an och leschter Statioun Enkhuizen gehisst goufen, hunn d Lisa an Tonia hier Wallissen gepackt. Sou sinn dann och schéin Erënnerung s Fotoen mam léiwen Yteke entstan. Géint 13h sinn mir zu Enkhuizen ukomm an et war dunn Zéit dem Yteke an dem Remco Äddi ze soen. Nodeems mir d Boot geraumt an gebotzt hunn, hunn mir op enger Terrass gutt zu Mëttes giess.

Wallissen all am Minibuss verstaut ass et Richtung Bascharage gaangen. Réck-blendend wäert ech dës Kolonie an Schéiner Erënnerung behalen, net nëmmen Segelen usëch wat eng onvergiesslech Erfahrung war, mee och d Gastfrëndleschkeet vum Remco an dem Yteke genau sou wei all déi Leit déi ech kennen geleiert hunn. D Katzi, de Sven, de Sam, de Sébastien , de Xavier, de Mike an d Carole an de Patrick an déi Frëndschaften déi tëschent eis entstan sinn.

Tonia

Trip Detailer

Gefueren Kilometer :      +- 922 Km ,  10h
Gesegelt Kilometer :      +- 200 km
Vëlo       Kilometer :       +-30 km

D Schëff :             De Vriendschap               
Baujahr                 1902
Längt                    25,50 m
Breet                    5,15 m
Tiefgang               1,30 m
Heigt                    23,0 m
Besichten Stiert, Enkuizen, Stavoren, Den Oeven, Texel, Den Burg, Medemblik.

Bild
Zëréck op d'Aktivitéiten Säit