LIVE ON STAGE

D’Jugendhaus organiséiert heiansdo selwer Evenementer, wou Live Optrëtter (live op der Bün virun de Leit sangen/ Musek spillen) gefrot sinn oder mer gi vun aneren Instanzen dono gefrot. Dat kann zB e Fest vum Jugendhaus sinn oder den « Youth on stage » am Kader vun der Nuit du Sport vun der Gemeng Suessem. Wann s du oder deng Band dorun interesséiert sidd fir e Live Optrëtt ze hunn, da mell dech iwwert dëse Button, sou kënns du an eis Lëscht a mer gräifen op dech zeréck wa mer en Event hunn oder no Bands/ Museker gefrot ginn.