top of page
IMG_0029.PNG

FORMATIOUN

By Jugendtreff SABA Asbl

Dëst Joer hunn mir déi grouss Chance den Projet Animastaff ze erweideren. D'Jugendhaus Dippech an Zolwer proposéieren zesummen eng Formatioun fir nees eng nei Equipe vun Animateuren auszebilden.

Informatiouns Versammlung
17 Fébuar 2024

Formatiouns Datumer

02.03.24 - 03.03.24 
23.03.24 - 24.03.24

Umeldung fir d'Formatioun Animastaff

Fir méi iwwer den Animastaff Projet gewuer ze ginn, gëtt eng Informatiounsversammlung organiséiert e puer Wochen firum Formatiounsdatum.

Wann Dir un dëser Aventure interesséiert sidd, kënnt Dir Iech um Enn vun der Versammlung definitiv fir den Projet aschreiwen.

Umeldungsbedingungen *

  • Eng gewëssen Motivatioun mat bréngen

  • Engagement an eng gewëssen Disponibilitéit iwert 1 Joer garanteieren

  • 15 Joer bis 26 Joer aal sinn

  • 50 € Aschreiwungs Kautioun (rembourséiert um Enn vun der Formatioun)

  • Memberskaart vun 3 € machen lossen (gëlteg fir ee Joer Participatioun um Projet)

  • Participatioun un 2 Formatiounsweekender sinn obligatoresch            

 

* Fir um Animastaff Projet matzemaachen, ass et obligatoresch un der Basis Formatioun deelzehuelen, fir jiddereen mat oder ouni en Animateursdiplom. Kanditaturen aus der Gemeng Dippech oder Zolwer hun Virang

WISOU MATMACHEN ?

  • Praktesch Erfahrung an verschidden Beraicher vum Animateur maachen

  • Klengt Täschegeld verdengen

  • Kontakter knüpfen

  • Austausch mat an selweschten Alter

  • Accée ob den Brevet vum Animateur (SNJ)

  • Gratis Formatioun an Certificat

  • Reegelmässej Missiounen 

bottom of page