

abouT us
Bas du tëscht 12 an 26 Joer? Mir si frou dir matzedeelen, dass du wëllkomm bas. Zéck net eis ze besichen fir all d'Aktivitéiten ze entdecken déi d'Jugendhaus dier ubitt, awer och déi positiv Atmosphär déi de ganzen Dag herrscht.
An eiser Struktur fenns du begréissend a waarm Plazen, déi dir loscht ginn do wëllen Zäit ze verbréngen. Ënnert anerem fenns du eng equipéiert a funktionell Kichen, wous du Plaen no dengen Wënsch preparéiere kanns, awer och eise grousse Versammlungsraum, deen e Billiard-Dësch, eng Gedrénksbar, en Dartbrett, Kicker an anerers enthält, wou et dir un neicht weart fehlen. eng Diversioun. Ausserdeem kanns du eise Workshop-Eck entdecken, wou all Zorte vu DIY gemaach kann. Zum Ofschloss eise "Chillraum" dee mat verschiddene Canapé, engem PC, engem Projektiounsapparat a Spillkonsolen ausgestatt ass.
Eng aner ganz flott Säit fir eis sinn d'Rencontren, déi nei Bekanntschaften deis de mess, all d'Aktivitéiten, d'sortien an d'séjouren déi reegelméisseg a Gruppen organiséiert ginn.
Wéis du gesieis, ass de Jugendtreff Dippech vill méi wéi nëmmen en Haus oder en einfachen Jugend zentrum, et ass d’Jugendhaus wous du dech wuel wearts fillen a wous du nei Abenteuer erliewen wearts.
Du gess encadreiert vu qualifizéierten Personal, dei dir vill Informatioune liwweren an dir eng Hand kennen ginn fir dech op vill verschieden Servicer ze leeden. Präventioun a Sensibiliséierung ronderëm verschidden Themen gehéieren och zur Aufgab vun den Educateuren. Ee vun den Ziler ass de Respekt a Relatioune mat aneren ze förderen
Wans du dech mat eis ënnerhalen wells oder einfach eng gutt Zäit mat eis oder mat anere jonke Leit hunn, zéck net fir eis ze besichen.
Bruno & Dylan




ËFFNUNGSZÄITEN
Méindes:
Dënschtes:
Mëttwochs:
Donneschtes:
Freides:
Samschdes:
Zou
14:00 - 19:00
14:00 - 19:00
14:00 - 19:00
14:00 - 21:00
13:00 - 20:00

Educatrice graduée -Educateur diplômé säit 2022 an 2019 am Jugendhaus